[FR] [LU] [DE] [EN]

Dir sidd es midd
drowned by zougespamt ze ginn?
Är Mailbox brauch Plaz ?

Da si Dir hei richteg. Eppes mellen heescht eppes maachen!

Gitt Är verdächteg E-Mailen u SPAMBEE weider. Esou ka SPAMBEE den zoustännegen Experte wichteg Informatioune liwweren, fir géint Cyberkrimineller virzegoen. Déi fir d'Analyse wichteg Daten ginn direkt u SPAMBEE weidergeleed, net awer Är perséinlech Daten.

SPAMBEE, eng gemeinsam Initiativ vu BEE SECURE, der CNPD an dem National Cybersecurity Competence Center Luxembourg (NC3), erlaabt Iech verdächteg E-Mailen analyséieren ze loossen, fir festzestellen ob et sech em SPAM oder Phishing handelt.

Spam nervt, Phishing ass geféierlech
Sech dogéint schützen, geet ganz einfach mat SPAMBEE.

SPAMBEE ass en Tool mat dem Dir verdächteg E-Maile ganz einfach un Experte weiderleede kënnt, déi dann eng vollstänneg Diagnos maachen. All Analys vun engem suspekte E-Mail speist eng Datebank vun Absender déi gepaart solle ginn. Op dës "Block Lëscht" kann all SPAMBEE-User zougräifen. Esou gëtt den Anti-Spam Filter mat Hëllef vun all eenzelen verbessert.

SPAMBEE ass ee plug-in, den op deene meeschte Browser an E-Mail-Clients kann installéiert ginn. Wa bis installéiert, kann ee mat engem einfache Klick verdächteg E-Mailen un eis Experte weiderleeden, déi dDaten analyséieren.

SPAMBEE schützt Är perséinlech Donnéeën am Aklang mat RGPD, well nëmmen déi technesch Date vun der E-Mail iwwerdroe ginn, net de Contenu oder den Destinataire.

Den Destinataire kann awer wielen ob en de Rapport vun der Analyse wëll kréien. Nëmmen an dem Fall gëtt seng E-Mail Adress gespäichert.

SPAMBEE schützt Iech och virun infizéierten E-Mailen.

  1. D'Benotzen ass ganz einfach;
  2. D'Melle kascht näischt;
  3. D'Anonymitéit ass garantéiert: Et ginn nëmmen déi Daten erfaasst, déi fir Analyse wichteg sinn (Absender, headers, .);
  4. Déi technesch Date ginn direkt iwwerdroen;
  5. D'Sécherheet vun all de User gëtt duerch d'Verdeele vun "Block Lëschten" verbessert;
  6. De Filter kann u lokal Spezifizitéiten ugepasst werden;
  7. SPAMBEE funktionéiert mat de meeschten E-Mail Programmer, grad ewéi mam Webmail.

Klick op den Ikon vun ärem Mail Programm, an installéiert de plug-in op ärem System.

OUTLOOK plug-in Fir Microsoft Office Outlook Mac Mail plug-in Fir MacOS 11 a méi al Versiounen Extension Mac Mail Outlook pour Mac Mail Mate Fir MacOS 12 a méi rezent Versiounen
Dës Applikatioun enthält d'Safari Erweiderung.
Thunderbird plug-in Fir Thunderbird
ⓘ Wei kann ech den thunderbird plug-in installéieren

Klickt op den Ikon wat ärem Browser entsprecht, oder klickt op den SPAMBEE installéieren Knäppchen um Fous vun dëser Säit.

FIREFOX CHROME EDGE BRAVE OPERA

Kompatibel Webmaile mam Browser plug-in:

AOL

Spambee ass nach net disponibel fir dëse Browser. Mir recommendéieren dass der en aneren Browser notzt (Firefox, Chrome) fir SPAMBEE ze benotzen.
SPAMBEE ass nach net disponibel
fir de Smartphone oder Tablets